Iwwer eis

Dundeba, esou ass Nidderdonwen resp. Uewerdonwen fréier genannt ginn.


De Veräin ass den 23. Mee 2024 gegrënnt ginn, fir am Joer 2029 d’Bestoë vun deenen zwee Dierfer 1100 Joer no der éischter offizieller Nidderschrëft ze feieren.


Mir sinn eng Art Organisatiounscomité, dee vu Memberen aus deenen zwou Ententen Nidderdonwen an Uewerdonwen an d’Liewe geruff ginn ass.


D‘Zil besteet doranner, am Joer 2029 e flotten Encadrement iwwert dat ganzt Joer unzebidden, mat ënnerschiddleche Manifestatiounen, vum kulturellen Event bis hin zum klenge Fest.


De Veräin Dundeba besteet aus engem Comité an aus verschiddenen Aarbechtsgruppen.

News

Hei gesidd dir wat demnächst bei eis usteet:

Coming soon